|
Wat der Däiwel ass den oder d'Adrenalin? Ma d'Adrenalin ass d'Jugendpartei vun der adr. Gegrënnt gouf d'Jugendsektioun nach ënnert dem deemolege Numm ADR-J den 7. Juli 1999 zu Réimech. Am Mäerz 2009 huet sech d'Jugendsektioun do de Numm "adrenalin - déi jonk adr" ginn an ass mat senge Memberen bei de Chamberwalen 2009 ugetrueden.
Mir sinn eng Equipe vu politesch interesséierte jonke Leit. Aneschters wéi déi aner Parteie schaffe mir net an deenen enke Bunnen, wéi se vun enger Parteiideologie virgeschriwwen sinn, mee sinn dofir och op fir ganz nei Usätz. Dobäi vergiesse mer awer och net wee mir sinn a wou mir hierkommen.
A firwat stidd dir? D'Adrenalin setzt sech, d'selwescht wéi eis Mammepartei, fir eng besser Sozialpolitik an. Eis gréissten Dossier emfaassen d'Beräicher vun der Edukatioun, Aarbechtsmartpolitik am Bezuch op d'Jugend, Logement, Transport souwéi natierlech och eis Sprooch an d'Kultur. Dëst sinn ënner anerem och déi Punkten, op déi mer während dem Joer 2010 eise Fokus riichte wäerten.
Ween ass dann elo d'Adrenalin? Zënter eisem Jugendnationalkongress den 13. Februar hu mir dann elo och eng nei an eng ganz motivéiert Equipe:
Nationalpräsident: Andy Maar Vizepräsident: Joe Thein Generalkeessier: Kim Schleich
Als bäigeuednet Membere sinn dobäi: Jenny Beck, Claude Gretsch, Luc Houdremont, Dany Sobral, Stéphanie Strottner.

D'Adrenalin huet ausserdem 2 Delegéiert am Nationalvirstand vun der Mammepartei. Hei ginn d'Interessien vun de Jonken vum Andy Maar a vum Joe Thein vertrueden. Och an der Exekutivversammlung vun der adr gi mir duerch den Andy Maar vertrueden.
|