|
D’adrenalin ass iwwert d’Spuermoossnamen, sou wéi se an der Tripartite vun der Regierung virgeschloe gi sinn, méi wéi erféiert. D’Kris dierf net um Bockel vum klenge Mann a vun der Jugend ausgedroe ginn!
Et kann einfach net richteg sinn, datt grad bei der Zukunft vun der Jugend gespuert gëtt. Et ass net akzeptabel, datt d’Kannergeld nëmmen nach bis 21 Joer ausbezuelt soll ginn an d’Allocatioun fir de Schoulufank fir e Groussdeel vun de Schüler ewechfale soll.
Bedenkt een och nach, datt den Här Di Bartolomeo d’Studiejoere fir d’Pensioun an Zukunft net méi berücksichtege wëll, da gëtt aus dem Studium e Luxus, dee sech nëmmen nach Jonker aus de räiche Famillje leeschte kënnen. Majo dann, häerzlech wëllkomm zréck an der Vergaangenheet!
Och d’Iddien, déi bei der Wunnéngspolitik ugestrieft ginn, si fir d’Jugend absolut ondrobar! Wann elo d’staatlech Subside souwéi de bëllegen Akt beim Kaaf vun enger Immobilière ewechfalen, da kënnen sech an Zukunft nach manner Jonker eppes Eegenes leeschten. Hotel Mamma lässt grüßen!
Wann d’Politik sech nach virun e puer Wochen iwwert déi massiv Auswanderung vu ville Lëtzebuerger besuergt gewisen huet, sou dierf se sech net wonneren, wann elo nach méi Jonker an d’not Ausland gedriwwe ginn.
Eiser Meenung no huet d’Regierung hire volle Spuerpotential nach net ganz ausgeschöpft. Éier d’Jugend ëm hier Zukunft beduckst gëtt, misst virun allem emol déi käschtenopwenneg Prestigeprojeten an dem A400M gespuert ginn.
de Comité vun der adrenalin matgedeelt, den 14. Abrëll 2010
>> De Kommuniqué als PDF eroflueden: Pressekommunique_2010-04-13_Tripartite.pdf (88,75 Kb) |