Pressekommuniqué zum neie Gesetz vun den Héichschoulboursen
 
   
 
 

13.08.2010
Allgemeng Member-versammlung vun der Adrenalin an der Fraktioun vun der adr


20.08.2010
Versammlung vum Nationalvirstand vun der Adrenalin, an der Parteizentral vun der adr

 all d'Datumen >>

Pressekommuniqué zum neie Gesetz vun den Héichschoulboursen Drucken E-Mail
Donneschdeg, den 15. Juli 2010 ëm 11:40 Auer

Mat deem neie Gesetz iwwert d’Héichschoulboursen mussen d’Studenten dem Staat d’Halschent vum Steierkredit “Kannerbonus” zeréckbezuelen! Dëst mëcht e Betrag vu ronn 500 € d’Joer aus, oder fir d’ganz Studienzäit 2 500 € bis 3 500 €. D’adrenalin – déi jonk adr – fuerdert, dass d’CSV-LSAP Majoritéit dës Moossnamen, wou de d’Staat de Studenten déif an d’Täsch gräift, direkt zréck zitt!

Den duerchgebaatschte Gesetzesprojet iwwert déi nei Boursen fir d’Studenten ass nämlech a leschter Minutt verschlechtert ginn. An der éischter Versioun war virgesinn, datt d’Familljen de Steierkredit “Kannerbonus” vun 922,56 € integral géife behalen. De Kannerbonus ass 2008 agefouert ginn, gläichzäiteg sinn d’Steierreduktioune fir Kanner ofgeschaf ginn. De Kannerbonus ass also eng Moossnam aus dem steierleche Beräich, och wann e vun der Kannergeldkeess ausbezuelt gëtt.

 Mam Kannergeld gëtt elo awer och de Steierkredit fir d’Studenten ofgeschaaft. D’Majoritéit huet am Géigenzuch de Betrag vum Steierkredit, deen elo mat der Bourse un d’Studenten ausbezuelt gëtt, “generéis” vun 992 op 1 000 € opgeronnt. De Basisbetrag vun der Bourse gouf deemno vun 12 000 € op 13 000 € erop gesat. Mee d’Halschent vun deenen 13 000 €, also och 50% vum ëmgewandelten Kannerbonus, ginn nëmmen als Prêt ausbezuelt a mussen no der Studienzäit mat Zënsen zréck bezuelt ginn. D’Studente mussen also am Endeffekt 50% vum Steierkredit,deen hiren Elteren bis elo integral zougestanen huet, un de Staat zréckbezuelen!

Den Deputéierten Jean Colombera (adr) huet an der Chamber net manner wéi dräimol op dëse “Lapsus” higewisen, mä d’CSV-LSAP Majoritéit huet d’Guillotine spille gelooss an dëser massiver Verschlechterung ganz bewosst zougestëmmt!

Och d’Majorations supplémentaires, déi de Studenten fir eng situation grave et exceptionnelle kënne bewëllegt ginn, mussen zu 50% zeréckbezuelt ginn, grad wéi d’Halschent vun de frais d’inscription. Et bleift fir Studenten, déi nët op Eegemëttel zréckgräife kënnen, datt si beim Maximum vun de 17 700 € “Hëllefen” am Joer, sech eng Schold vun 8 850 € opluede mussen, wat no 5 bis 7 Joer – ouni Zënsen – eng Schold vun 44 250 bis 61 950 € ausmécht. Definitiv kee gudde Start an d’Beruffs- a Familljeliewen!
D’adrenalin – déi jonk adr – fuerdert, datt direkt am Hierscht d’Gesetz verbessert gëtt. Nëmmen d’Halschent vum urspréngleche Basisbetrag vun 12 000 € däerf als Prêt ausbezuelt ginn (also 6 000 € / Joer), all déi aner Hëllefen mussen an d’Bourse non-remboursable integréiert ginn. D’adrenalin fuerdert doriwwer eraus d’CSV-LSAP Majoritéit openeits op, nët op d’Käschte vun der Jugend an de Familljen ze spueren.


 de Comité vun der adrenalin
- matgedeelt, den 14. Juli 2010 -