|
Donneschdeg, den 18. Februar 2010 ëm 10:45 Auer |
|
Den 13. Februar 2010 hate mer am Kinosch zu Esch-Uelzecht eisen éischte Kongress no de Chamberwalen. Déi wichtegst Punkte waren eng Statutenännerung, d'Neiwal vum Nationalvirstand souwéi d'Presentatioun vun eisem 10-Punkte-Lëscht mat Prioritéiten, déi mir eis fir dëst Joer gesat hunn.
De Neie Comité gesäit dann och esou aus: Präsident ass den Andy Maar ginn, Vizepräsident de Joe Thein, Generalsekretär ass de Claude Putz an de Generalkeessier ass de Kim Schleich. Als Bäigeuerdet Memberen goufen d'Jenny Beck, de Luc Houdremont, den Dany Sobral an d'Stéphanie Strottner gewielt.
|