Adrenalin, déi jonk adr
 
   
 
Under construction

 

d'Arenalin op Facebook

 


Atomstroum, nee merci!

D'ADRenalin ënnerstëtzt den Nationalen Aktiounskomitee géint d'Atomkraaft.
Adrenalin, déi jonk adr
Pressematdeelung: Neie Komitee Drucken E-Mail
Méindeg, den 28. November 2011 ëm 00:00 Auer

E Samschden den 26. November 2011 hunn sech déi jonk Memberen aus der ADR fir een ausseruerdentleche Kongress vum ADRenalin – déi jonk ADR zesummefonnt.

D’Wichtegkeet vum Kongress ass ënnerstrach duerch d’Präsenz vun den Deputéierte Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser. An enger flotter Ambiance gouf de neie Komitee gewielt an eng Statutenännerung huet erlaabt de Komitee méi grouss opzemaachen.

An enger lieweger Debatt gouf déi proposéiert Schoulreform ënnert d’Lupp geholl. De Kongress huet festgehalen, datt all Reform dorobber muss erauslafe fir de Niveau vum lëtzebuerger Schoulsystem ze hiewen, am d‘Diplomer esou ze gestalten datt se en echten Accès op Universitéiten oder den Aarbechtsmaart sécheren. Weider muss d’Schoul all Jugendlechen et erlaben e Maximum vu sengen Talenter a Kapazitéiten ze valoriséieren.

Den neie Komitee setzt sech esou zesummen :

Presidentin : Joëlle Giannotte
Vize-Presidenten : Dany Sobral a Joe Thein
Sekretär: Joshua Gamaliel
Tresorier: Andy Winandy
Bäigeuerdnet Memberen: Sophie Goergen, Patricia Hoffmann a Timon Müllenheim